No deenen Ënnersichungen hunn déi 2 Doktere gesot, dass si keng Organprobleemer géife gesinn an dass alles bis op d’Trisomie 21 souwäit ok wär.
Mir waren du berouegt an hu scho gekuckt, ob Crèchë Bëbeeë mat Trisomie 21 géifen huelen. Déi Responsabel vun der Crèche bei eis am Duerf sot direkt jo; si hätt zwar nach ni sou ee Bëbee oder Kand gehat, ma si hätt sech no eisem Telefonat schonn direkt an eng Formatioun ugemellt.
Bei där nächster Ënnersichung huet mäi Fraendokter du mat mir doriwwer geschwat, dass et besser wär, erëm ee Keeserschnëtt ze maachen, well mäin éischte Jong jo per Noutkeeserschnëtt op d’Welt komm wär.
De Keeserschnëtt ass du fir den 22.10.2019 festgeluecht ginn.
An der 36 SSW hunn ech du mäi Babybauch offorme gelooss vun der Madamm Nathalie Leger, déi d‘Butzewunneng vun eisem Max schonn als wonnerschéint Konschtwierk verschafft hat.
Den 02.10.2019 an der 37ter SSW hat ech mëttes um 13:30 Auer RV am CTG bei der Hiewamm an der Praxis vun mengem Gynekolog. Mueres hat ech schonn esou ee komescht Gefill, ech hu gemengt ech géif den Tim net esou spieren wéi soss. Déi aner soten dunn, dat ass oft an der 37ter SSW, do spiert een se mol manner, maach dir elo kee Kapp, du hues jo an 2 Stonnen ee RV.
Wéi ech bei d’Hiewamm eragaang sinn, sot ech hir dat direkt, a si sot dunn, elo maache mir emol Capteuren fir den CTG op äre Bauch a kucken. Wéi keen Toun komm ass sot si, dat kënnt heiansdo vir, wann de Capteur net gutt läit, ech maachen een Ultraschall. Ech wosst du scho fir mech, eisen Tim ass dout. Si huet dunn den Ultraschall gemaach a gesot: et ass een alen Apparat, Moment ech ginn den Dokter mol sichen. Allerspéitstens do war ech mir ganz sécher.
No 5 Minutten ass si mat mengem Dokter erëmkomm, hien hat schonn Tréinen an den Aen an huet mir du gesot: et deet mir esou leed, mä är Anung, dass eppes net stëmmt, ass leider wouer, ären Tim ass verstuerwen, et si keng Häerztéin méi do.
D’Hierwamm huet sech dunn nach eemol bei mir ëntschëllegt a mir gesot, dass si net d’Recht hätt mir dat esou se soen, mä dass eben den Dokter dat misst maachen.
Ech kenne mäin Dokter scho ganz laang an hien huet e puer Tréine verdréckt a mir dunn op meng Froe geäntwert.
Wéi dat dann elo alles géif weidergoen.
Hien huet mir erkläert, dass ech den Tim, entweeder mat engem Mëttel fir d’Wéien auszeléisen, ganz normal op d’Welt kéint bréngen, hie mir awer net kéint soen, wéi laang dat dann dauere géif, oder dass si den Tim per Keeserschnëtt kéinten huelen.
Ech sot dunn ech wéilt de Keeserschnëtt. An dunn hunn ech mol am Schock realiséiert, dass ech mengem Mann jo nach näischt gesot hat, hie konnt bei dem CTG nämlech leider net dobäi sinn.
Ech hunn him dunn ugeruff an him déi traureg Noriicht matgedeelt.
Mam Dokter hunn ech dunn nach ausgemeet, dass ech owes um 18:00 Auer an d’Klinick Bohler soll kommen an hien a säi Confrère aus der Praxis den Tim dann den 03.10.2019 per Keeserschnëtt géifen huelen.
Ech sinn dunn aus der Praxis erausgaang an hu mengen Elteren ugeruff, hinnen et gesot a si gefrot, ob si mech kéinte siche kommen an heembréngen. Mäi Mann ass an där Zäit dunn och bei säi Chef gaang a konnt dunn och heemkommen.
Doheem hu mir allen zwee vill gekrasch an du schnell eng Wallis gepaakt fir an d’Klinick.
Wéi mir an der Klinick Bohler ukomm sinn, hunn ech an der Rezeptioun gefrot, ob ech kéint een Eenzelzëmmer kréien, well dat jo net sou einfach wär, et bei enger anerer Madamm mat Bëbee oder nach schwanger auszehalen.
Si sote kloer, mir hunn dat schonn esou virgesinn.
Wéi ech du bei d’Zëmmer komm si war dat dat Zëmmer, wou ech och loung, wéi ech eise Max kritt hunn. Ech hunn dat iergendwéi scho komesch fonnt, well ech deemools sou glécklech do war an elo sou traureg.
Richteg am Zëmmer ukomm, hu si mech du gefrot, ob ech eppes fir ze berouege wéilt, ma ech sot hinnen nee, ech wëll meng Gefiller, mäi Wéi net ënnerdrécken.
Kuerz duerno ass dunn d’Anästhesistin komm, fir mat mir ze schwätze wéinst der Spinalanästhesie, wa méiglech, oder enger Vollnarkos. Si haten op eemol Probleemer, mir eng Spinalanästhesie ze maachen. D’Anästhesistin huet mäi Réck gekuckt a sot, dat misst awer goen, si wär zwar muer net dobäi, ma dat géif bestëmmt goen, ech soll mir dowéinst elo net och nach Gedanke maachen.
Duerno ass dunn d‘ Cheffin vum Stack komm an huet eis erkläert, dass mir den Tim kënne gesinn, wa mir wëllen an och sou laang an oft wéi mir wëllen. Dass mir him kënnen e Steen eraussichen an eis och, dass hien deen een da matkritt a mir ee behalen. Dass mir him gären och ee Bréif kënne schreiwen a Fotoe matginn.
Fir mech a mäi Mann war kloer, dass mir den Tim wëlle gesinn; mir wousste just net, ob mir dat packen oder net.
Deen aneren Dag mueres si si mech dunn um 09:00 Auer siche komm, fir an den OP, mäi Mann konnt mat.
Am OP ukomm ass den Anästhesist, den Dr. Heib Thomas, bei mech komm an huet mech nach e bëssi berouegt a mir gesot, dass hien emol d‘Spinalanästhesie probéiert a wann dat net geet, dann d’Vollnarkos fir mech net nach laang ze ploen, ma hie géif awer mengen, dass dat géif mat der Spinal goen. Dunn huet hie mech nach gefrot, ob ech eppes fir ze berouege wéilt. Ech sot him dunn nee, ech wéilt meng Gefiller net ënnerdrécke mat iergendenge Pëllen, an du sot hien: super, dat ass eng gutt Astellung.
Hien huet mech du gepickt fir d’Spinalanästhesie, an et huet direkt geklappt; mir ass et dunn zwar e Moment iwwelzég ginn, ma hien hat dat direkt am Grëff.
Du sinn och d‘Doktere komm, mäin Dokter, den Dr. Stieber a säi Kolleeg, den Dr. Vetter, si ware ganz fein an hunn dunn den Tim erausgeholl, den Hiewammen e ginn, dass déi e konnten undoen, an eis nach eemol gefrot, ob mir den Tim wéilte gesinn. Mir sote jo.
Ech sinn dunn aus dem bloc opératoire net an den Iwwerwaachungsraum bei aner Leit komm, ma an ee klengt Zëmmer, wou si mech konnten iwwerwaachen a kucken, ob mäi Gefill an de Been erëmkënnt a meng Parameteren ok wären. Mäi Mann konnt do och dobäi sinn.
Kuerz duerno hunn si eis den Tim bruecht.
Hien huet ausgesinn wéi wann hie géif schlofen. Mir hunn hie laang am Aarm gehalen, mäi Mann esou gutt wéi ech, a mir hu Fotoe vun him gemaach. Leider ass et deemools nach keng Organisatioun hei am Land ginn, déi Stärekanner fotograféiert huet.
D’Personal hat och Fotoe vum Tim gemaach an och Hand- a Féissofdréck.
Eisen Tim war 42 cm grouss an 2420 Gramm schwéier.
No +/- 2 Stonne sinn ech dunn erëm op mäin Zëmmer komm.
Wéi mir um Zëmmer waren hu mir erëm gefrot, ob mir den Tim kéinten eropkréien a si hunn eis den Tim direkt bruecht; mir hunn do och iwwerluecht, ob mir eisem Jong Max, deemools 3 Joer al, den Tim sollte weisen oder net, hunn awer dunn decidéiert, dass mir dat net maachen, ma him erklären, dass den Tim elo als säi Schutzengel am Himmel ass.
An der Klinick hu mir dunn och misse klären, ob mir den Tim wéilten am Sammelgraf zu Märel begruewen oder een eegent Graf wéilten. Mir wollten een eegent Graf.
Mäi Mann huet dunn och bei enger Frëndin ugeruff, déi mat hirem Papp een „Pompes Funèbres“-Betrib huet, d‘“ Pompes Funèbres Bous“. D’Sandra war schockéiert an ass du bei eis an d’Klinick komm a mir hu mat him gekuckt, wéi, wou, wat, well mir gesot kruten, dass een dofir 72 Stonnen Zäit hätt, dat ze reegelen a Pabeieren an d’Rei ze bréngen. Wéi hatt nach do war huet et getockt; et war eng Psychologin, déi wollt mat mir schwätzen; ech sot hir, dass d’Madamm vun den „Pompes Funèbres“ do wär, du sot si, si géif méi spéit kommen.
Mir hunn eis fir ee klenge Sarg an Eeform decidéiert, well dat fir eis esou ausgesinn huet wéi de Bauch, wou den Tim dra war, seng Butzewunneng.
Duerno ass d’Sandra du mat mengem Mann op d’Gemeng gefuer an ech war elleng am Zëmmer.
Et huet du getockt an du war et erëm d‘Psychologin.
Sie huet Moie gesot a meng Foto vum Max gesinn. Du sot si, a, dir hutt schonn ee Kand, si hätt och ee Meedchen, dat wär an der Spillschoul. Ech sot just jo, well dat war dat Lescht, wat ech an deem Moment wollt héieren, ech hat eisen Tim grad verluer. An dunn nach hire Saz , a, dir hat d‘“ Pompes Funèbres“ schonn do, da sidd dir jo gutt organiséiert. Ech konnt just mam Kapp Jo wénken. Sorry, ma mir krute gesot, dass een nëmmen 72 Stonnen Zäit hätt, déi Saachen ze reegelen, da muss een dat leider maachen, et wär eis gär erspuert bliwwen, an dat hat sécher näischt mat gutt organiséiert ze dinn. Ech weess net, wat si soss nach alles gesot huet, well ech hat du schonn ofgeschallt a wosst, dass ech mat hir net wéilt weiderschwätzen, an hu just Jo an Amen gesot a war frou, wéi si du gaangen ass.
Wéi mäi Mann erëm do war, sot ech him dat, an hien huet mech ganz gutt verstan.
Mir wollten den Tim dunn nach emol gesinn an d’Personal huet eis den Tim och direkt bruecht. Ma well hien dunn ewell méi laang an engem Killbett oder Killschaf loung, huet hien sech ganz komesch ugefillt, wéi ee Stéck Äis, a mir hunn dunn decidéiert, dass dat dann elo déi leschte Kéier wär,well dat fir eis ze schwéier ginn ass.
Den Dag, wéi ech du konnt heemgoen, hunn ech dem Personal all Merci gesot, well bis op d’Psychologin waren se all superfein mat eis, an du si mir op Burden op de Kierfecht gefuer, do wou eisen Tim da sollt an eist Familljegraf kommen.
Mir hunn dee Moment nach net zu Burden gewunnt, sinn awer 1 Mount méi spéit dohi geplënnert, dofir ware mir frou, dass mir dunn awer do um Kierfecht ee Graf fir den Tim konnte kréien.
Duerno si mir dann heemgefuer.
Mäi Mann an ech hunn dunn och driwwer geschwat, wat dann elo am neien Haus mat der Kummer, déi fir den Tim war, sollt geschéien; si war nach net tapezéiert dee Moment. Mir soten dunn, da gëtt et eng Spillkummer fir eise Max, den Tim hätt dat esou gewollt.
Méi spéit hu mir dem Paschtouer Marco Wehles, dee mir kennen an deen eis och bestued huet an eise Max gedeeft huet, ugeruff an him dat vum Tim gesot a gefrot, wéi een dat elo kënnt maachen. Mir wollte kee grousst Begriefnes, well ech zu deem Zäitpunkt och nach net bereet war, fir vill Leit ze gesinn.
Hien huet eis virgeschloen, mat der Famill um Kierfecht eng Zeremonie ze maache fir den Tim. Dat hu mir dunn och den 10.10.2019 gemaach.
Eise Jong Max war och dobäi a fir hien ass dat elo dem Tim säin Haischen, an den Tim ass och am Himmel als säi Stär a Schutzengel. Hie geet och ëmmer mat dohin an kuckt no de Blummen a schwätzt mat him.
Kanner gi mat esou Situatioune ganz anescht ëm.
Ech si bis haut och nach ëmmer frou, dass ech dem Nathalie Leger vun „Babybauchart“ och gesot hunn, et soll eis Butzewunneng vum Tim awer als Luucht maachen, well esou hu mir d’Luucht bei hien an den Himmel. Dem Nathalie seng Aarbecht ass super ginn.
Ech hat, wéi den Dag ëmmer méi no komm ass, grouss Angscht fir erëm schaffen ze goen. Packen ech dat? Wéi ginn d‘Bewunner a meng Ekipp mat mir ëm? Ech schaffen an engem Altersheem.
Ma et ass nawell zimmlech gutt gaang, bis op e puer kleng Ausnamen.
Eng Madamm huet mir ëmmer erëm domm Remarquë gemaach.
Ech hu mir doropshin nach emol Hellëf bei Omega 90 gefrot an do ee ganzt laangt Gespréich iwwer Skype gehat (well dat du schonn an der Coronapandemie war), wat mir gutt gehollef huet.
Tim, du bass fir ëmmer an eisen Häerzer.
Kussi
Mamma, Pappa a Max