Image
Eng Foto fir d’Éiwegkeet

Image
 


Fir dréngende Kontakt




+352 691 239 957
 


EIS MISSIOUn


Léif Elteren,
Mir offréieren Iech eis Servicer, fir Äert bei der Gebuert verstuerwent Kand ze portraitéieren, an domat eng Erënnerung un déi kuerz Momenter, déi Dir mat him kënnt verbréngen, fir d’Éiwegkeet festzehalen.
Mir garantéieren Iech Diskretioun, Respekt a Professionalismus a bidden Iech dësen Déngscht gratis un.
Fir e Fotograf unzefroen, braucht Der nëmmen op eis Nummer +352 691 239 957 unzeruffen oder eis eng Mail ze maachen op: 


info@staerekanner.lu

Wichteg Informatiounen

  • Dëse Service ass gratis.
  • D’Fotoe ginn nëmmen op perséinlech Demande hi gemaach.
  • D’Fotoe kënnen nëmmen op Rendez-vous Méindes bis Freides tëscht 9 an 18 Auer an de Weekend tëscht 10 an 18 Auer gemaach ginn. 
    Op déi Manéier ass den Encadrement vum Fleegepersonal am beschten ze organiséieren.
  • De Fotograf/d‘Fotografin gëtt vum Fleegepersonal bis bei d’Famill begleet.
  • Wéinst dem Dateschutz ass eng schrëftlech Awëllegung, fir Fotoen ze maachen, néideg.
  • D’Fotoe gi beim Fotograf/bei der Fotografin ee Joer laang versuergt an duerno geläscht.
  • D’Eltere kréien d’Fotoen op engem USB-Stick zur Verfügung gestallt.
  • D’Fotoen däerfen net fir professionell Zwecker ouni schrëftlech Awëllegung genotzt ginn.


Image


KONTAKT


Martine Pinnel: Professionell Fotografin & Presidentin vun der “Stärekanner ASBL“

15, rue des Roses, L-2445 Luxembourg

info@staerekanner.lu

+352 691 239 957



DONEN

D’ “Stärekanner ASBL“ freet sech iwwer all Don, deen Dir hir maacht, fir si an hirer Missioun ze ënnerstëtzen.
Bankinfoen:

LU05 1111 7287 4783 0000



Memberschaft

Fir Member bei der “Stärekanner ASBL” ze ginn, kënnt Dir eng Iwwerweisung vun 20€ maachen op de Kont:

LU05 1111 7287 4783 0000



Cérémonie des étoiles

Hei fannt Dir e Link vun der “Cérémonie des étoiles“, déi all Joer am CHL ofgehale gëtt.


Trauerbegleedung


Déi Zäit, déi Dir elo musst duerchmaachen, ass schwéier, mee et gëtt Plazen, wou Iech ka gehollef ginn.
Hei fannt Der Infoen iwwert Organisatiounen, déi Iech an Ärer Trauer begleede kënnen.


Initiativ Liewensufank
Eidel Äerm


LINK OP DE SITE

Croix Rouge
Weesen-EltEren


LINK OP DE SITE

ASSOCIATION
SPAMA


LINK OP DE SITE