press
Particulars from the paparazzi.Soubal den Telefon schellt, weess ech, dass et eescht ass, an dass mech eng Situatioun wäert erwaarden, déi méi wéi traureg an dramatesch wäert sinn. Och, wann all Fall anescht ass, hunn se dach all eppes gemeinsam: eng Famill am Trauer, e klenge Bëbee, sou grouss oder kleng wéi en och ass, deen et net gepackt huet, a ganz vill Emotiounen, déi heiansdo schwéier sinn ze beschreiwen. An dësem Temoignage erzielen ech vun der 7. Kéier, wou ech geruff gi sinn, fir Fotoe vun engem klenge Stärekand maachen ze goen. An dësem Fall huet et sech ëm e klenge Bëbee gedréint, dee kuerz virun der Gebuert verstuerwen ass. Och wann déi Fäll méi selte sinn, kommen se trotzdeem nach vill ze vill oft vir, leider. Dat Wichtegst ass, éier een an de Raum kënnt, ze verstoen, dass een e klenge Mënsch wäert lo gesinn, dee wäertvoll fir d’Famill ass, deen Deel vun der Famill ass, och, wann e scho vun eis gaangen ass. Et ass wichteg, d’Famill direkt op de Bëbee unzeschwätzen, an och de Bëbee mam Numm ze nennen. Dee Bëbee wäert ëmmer Deel vun dëser Welt bleiwen, och wann e kaum oder guer net d’Liicht entdeckt huet. Wéi ech um Stack an der Klinick ukomm sinn, virun der Kummer, hunn ech déi éischt Familljemembere gesinn. Nach ni op engem Optrag virdru ware souvill Leit vun enger Famill präsent. Et war ganz kloer, dass deen een oder anere ganz verschidde mat der Situatioun ëmgaang ass. Mir traueren all anescht, a mir gi mat Tragedien all anescht ëm. Déi eng konnten d’Kand net kucken, an dunn hunn ech gefrot: “Sidd Der sécher, dass Dir keng Foto wëllt maache mat him?“ “Jo.” Ech hunn dës Äntwert acceptéiert. Mee déi aner wollten onbedéngt de Puppelchen an den Äerm halen. Ech sinn an d’Kummer erakomm an d’Stëmmung war, wéi ze erwaarden, bedréckend, fir et mëll auszedrécken. Wichteg ass fir mech, ëmmer direkt mech virzestellen, ze froen, wéi dat klengt Stärekand heescht, den Elteren ze assuréieren, dass ech hinne wäert déi beschte Fotoe maachen, déi méiglech sinn, an si och no spezielle Wënsch ze froen. Dat alleréischt, wat d’Eltere kréien ass e Stoffdéierchen, dës Kéier ass dat en Hieschen. Bei deene ganz Klengen ass et en Häerz. Dësen Hues oder dëst Häerz hunn en Zwilling. D‘Eltere kënnen sech dat eraussichen, wat si am schéinste fannen, an dem Bëbee et op säi leschte Wee matginn. Den Zwilling kréien d’Elteren da mat de Fotoe méi spéit iwwerreecht. Heiandso entspaant d’Decisioun, wéi ee Stoffdéierchen et da lo soll sinn, déi ganz Situatioun schonn e bëssen. Hin an hier gëtt diskutéiert, bis dass dat Richtegt seng Plaz beim Stärekand fonnt huet. Ech hunn an dësem Fall fir d‘éischt ugefaangen, Fotoe vun der Famill mat dem Bëbee ze maachen, du mat deenen eenzelne Familljememberen, der Mamm, dem Papp, der Tatta, der Bomi, deenen zwee Bopien. Jiddereen, deen d’Kand wollt halen, huet och seng Foto kritt. Déi eng kucke glécklech, déi aner manner. Mee d’Kand ass Deel vun der Famill, an dat duerf net vergiess ginn. “Mir ware frou lo mol e Jong an der Famill ze hunn.“ “Hutt der schonn Enkelkanner?” hunn ech gefrot. “Jo, zwee Meedercher. Mee lo hu mer jo och e Jong.” “Jo”, sot ech “dir hutt och lo e Jong.” Ech probéiere Momenter, déi tëschent deenen “gestallten” Fotoe geschéien, anzefänken.Oft huelen d’Emotiounen iwwerhand, a sou entstinn da Fotoe vun de Familljememberen, wou se kräischen, sech an d’Äerm fale vun Trauer. Och, wann d’Elteren idyllesch Fotoe wëlle vun hinne mat hirem Kand, ass et mer wichteg, déi Emotiounen anzefänken, déi extrem wéi dinn. Et ass Deel vum Moment, et ass Deel vun der Stëmmung, an dat muss festgehale ginn. Bei dësem speziellen Optrag war dat och ganz haart, wéi de Papp op eemol an Tréinen ausgebrach ass, wéi ech Fotoe vun him mat sengem klenge Bëbee gemaach hunn.
“They changed my perception about music.”Los Angeles Nite Owl Press
A sou engem Moment halen ech net op mat knippsen, mee ech maache weider. An sou engem Moment ass et och wichteg, d’Kamera weider virun d‘Gesiicht ze halen, sou, dass d’Famill net matkritt, dass ee selwer déi eng oder aner Tréin vergéisst. Dat lescht, wat d’Famill brauch, ass e sentimentale Fotograf, dee seng Emotiounen net ënner Kontroll gehale kritt. All Member vun der Famill, deen am Raum war, huet de Bëbee op den Aarm geholl, heiansdo eleng, heiansdo zu zwee. Si hu mat him geschwat. Hien ass do, hien ass an deem Moment lieweg fir d’Famill. Hien ass wichteg. Hie wäert fir ëmmer wichteg bleiwen. Et si kleng Saachen, déi heiansdo d’Situatioun e bëssen ophellen. De Bëbee hat e Plüschdéierche geschenkt krut, un deem ee vun der Famill gezunn huet, an d’Musik huet fir dee Klenge gespillt. Et war seng Musek, hien huet se héieren. Hien hat och ganz vill Petzien; ech hu gefrot op ech se all soll bei hie leeën, fir dass hie komplett vun hinnen ëmginn ass. “Jo,wannechgelift”, huet d’Mamm mat engem Laachen am Gesiicht gesot. De Klenge gouff also a säi Bettche geluecht, an ech hunn hie mat all senge Petzien zesummen, an duerno mat engem nom aneren, fotograféiert. Et soll jo vun allem eng Erënnerung bleiwen. Dëst sinn déi Momenter, déi ech mam Kand eleng verbréngen. Déi sinn net einfach. An dësem Fall war d’Kand grouss genuch, dass ech seng Hänn a Féiss selwer konnt sou leeën, wéi ech wollt. Him d’Petzien an den Aarm ginn an se austauschen. Et ass e spezielle Privileeg, op sou engem Optrag däerfen ze sinn. Vun der Famill an hirer gréisster Trauer akzeptéiert ze ginn. An dann och nach dat klengt Stärekand unzepaken, him méi no ze kommen. Et unzekucken, déi bescht Luucht fir et ze fannen. Alles dat gesinn ech als grouss Éier un. D’Famill huet vun de Krukerte geschwat, déi geflu sinn deen Dag. Ech sot, ech hätt se och héieren. Fir ëmmer wäert ech un dee klenge Bëbee denken, wann ech d’Geräisch vun de Krukerte wäert héiren. Am léifste wollt ech net ophale mat Fotoe maachen. Et ass ëmmer e Moment vun elo oder ni. An ze soen: “Ok, ech mengen ech si lo fäerdeg”, fillt sech ëmmer schlecht a falsch un. An trotzdeem muss dee Moment eng Kéier stattfannen. A wann dee Saz bis gesot ass, froen ech nach no leschte Wënsch. De Bopi huet gesot: “Kann en zréckkommen?” E Wonsch, deen engem nëmmen d’Häerz ka briechen, an deen ech leider net erfëlle kann. Wann ech bedenken, wat ech an deem Moment fillen, wëll ech mer guer net virstellen, wéi d’Elteren an d’Famill sech fillen. Emotiounen, déi einfach ze vill schlëmm sinn, fir se ze beschreiwen. Ech hunn also lues meng Saache gepaakt. E Kontrakt muss nach ënnerschriwwe ginn, an da kënnt schonn de Moment, Äddi ze soen; e Moment, deen immens schwéier ass. Äddi deem klenge Stärekand, an Äddi der ganzer Famill, fir déi ech méi wéilt maachen, wéi just Fotoen, mee leider ass dat net méiglech. Ech hunn hinne verséchert, dass ech hinne vill Fotoe wäert ginn, an dass se mech zu all Moment kënnen erreechen. Dat ass alles, wat ech hinnen an deem Moment ka ginn. Dunn hunn ech och d’Kummer rëm verlooss. Um Wee aus der Klinick hunn ech festgestallt, grad wéi och bei all anerem Optrag, dass ech naass geschweesst war, meng Hoer, wéi wann ech grad aus der Dusch komm wier. Et ass eng immens Ustrengung. Wann ech bis am Auto sëtzen, da sichen ech mer e Lidd eraus fir de Bëbee. All klengt Stärekand huet säin eegent Lidd. Dës Kéier war et “Heartbeats” vum José González. E Lidd, wat mech fir ëmmer un dee Klenge wäert erënneren. E Klengen an deem seng Famill, déi ech ni wäert vergiessen, wéi all meng Stärekanner.